2016 – Uschafung vun enger Kappmaschinn
Uschafung vun enger Kappmaschinn fir an den Waasserschutzgebidder 100%eg op Chemesch Onkrautbekämpfung ze verzichten.
Ech soen all deenen Leit een decken Merci déi all déi Joren zou mir gehal hunn an un den Projet Miscanthus.lu gegleeft hunn, an Miscanthus.lu finanziell sougudd wéi aarbechtsméisseg ënnerstëtzt hun.
Feinen Luc
Präsident Miscanthus.lu a.s.b.l.
2015 – Éischt Versich an Waasserschutzgebidder vun der SES Kärch Miscanthus unzeplanzen fir den Schutz vun den Waasserquellen ze garantéieren
2013-2014 – Ëmbau vum Roder
No 2 Versich den Roder ëmzebauen hunn mir eis decidéiert eng komplett aner Maschinn doraus ze maachen wei d’Presentatioun hei weist
Déi fäerdeg Maschinn am éischten Asaz!
2012 – Uschafung vun engem 2-reihegen Gromperenroder vun Grimme
2011 – Éischt international Miscanthustagung
Mir waren frou den Dr. Pude vun Bonn mat gläichdenkenden Kollegen aus Däitschland, Holland, der Belsch, Éisträich an der Schwäiz hei am Land kënnen ze begréissen.
Präsenz op der Réidener Ëmweltfoire.
2011 – Schwéieren Réckschlag!
D’Press verbrennt mam Tracteur am Stéck an huet nëmmen nach Schrottwäert.
No schwéieren Diskussiounen gëtt dann eng nei Press an een neien Tracteur kaaft vun Bauer Lux Ierpeldeng, an d’Aarbecht geet erëm vun vir un fir alles ëmzebauen..
Des Kéier gëtt een Triichter dropgebaut wou een och mam Exacthäcksler kann dernieft fueren.
Déi nei Press virun hirem éischten Asatz.
2010 – Aweiung vun der éischter Miscanthusheizung zu Lëtzebuerg wou 6 Haiser domat gehetzt ginn
DOC Aluedung – Aweihung Miscanthusheizung
Miscanthus.lu an der Press
Artikel an der Zäitschrëft vum Naturpark Our „Parcours“ – Ausgab 09/09
Artikel an der lëtzebuerger Zäitschrëft „REVUE“ – Ausgab 11/09
Artikel an der däitscher Zäitschrëft fir Agrartechnik „Profi“ – Ausgab 12/09
Artikel aus dem offiziellen Claas Prospekt
2010 – Organisatioun vum éischten Miscanthushäckseldag zu Ierpeldéng mat der Ënnerstetzung vun Lux an der Fa. Reiff vun Ëlwen
2009 – Déi éischt Participatioun un enger Naturfoire an der Fuussekaul.
Wanter 2008-2009 -Ëmbauen vun enger Claas Quadrant 3200
Ëmbauen vun enger Claas Quadrant 3200 op eng Presskombinatioun vun Miscanthus fir Quaderbotten ze maache. Déi éischt Maschinn an Europa déi deemools op deem Prinzip funktionéiert huet.
Zesummen mat der Fa. Servatius Ehlenz vun Rittersdorf an den Bauerebetriber Lux-Erpeldeng an Weidert Ierpeldeng
2008 – Éischt Plantatiounen kommen gudd un.
2008 – Éischt Planzerfolleger mat der neier Maschinn
Wanter 2007-2008 – Bauen vun enger 4-reiheger Planzmaschinn fir hannert den Rotortiller ze hänken
07.07.2007 – Éischten Versuch vun Miscanthus-Energie vir Miscanthusplanzen unzeplanzen
Déi éischt Versich hunn mir mat der Hand geplanzt, am Hierscht hunn mir dunn eng nei Planzmethod ausprobéiert, déi awer och net efficace war an zimlech geféierlech.